|
Geschirkëscht |
Veräiner an Organismen
An Däitschland kënnen esou Gruppéirunge sech als eingetragener Verein (agedroene Veräin) registréiere loossen, fir als juristesch Persoun optrieden ze kënnen. Zu Lëtzebuerg hu mer keng speziell legal Form fir Veräiner, si mussen op d'Form vun enger Association sans but lucratif zeréckgräifen, fir eng juristesch Persoun ze ginn. Wann e Veräin sech elo net registréiere léisst, dann ass en eng reng Association de fait, wat ënnert anerem bedeit, datt en als Veräin net viru Geriicht zéie kann, an datt déi eenzel Membere fir hir Doten am Kader vun hirem Veräin selwer responsabel sinn a viru Geriicht kënne gezu ginn. [Änneren] Veräiner an Organismen zu Lëtzebuerg |