|
GeschirkëschtAner Sproochen |
Vendelin JurionDe Vendelin Jurion gebuer de 4. Juni 1806 zu Béibreg, a gestuerwen den 10. Februar 1892, war e Lëtzebuerger Jurist a Politiker. De Vendelin Jurion war Affekot um Bezierksgeriicht Dikrech, spéider um Ieweschte Geriicht an der Stad Letzebuerg. Zu Dikrech war e Buergermeeschter. 1843 gouf e Secrétaire an der Régence. Vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 war en Administrateur général an der Regierung de la Fontaine a vum 23. September 1853 bis de 24. Juni 1856 an der Regierung Simons, wou hien all Kéiers fir den Intérieur zoustänneg war. Dono gouf en Deputéierten an der Chamber a Member vum Staatsrot. Hie war och an der Commissioun, déi d'Verfassung vun 1848 ausgeschafft hat. Zu Dikrech huet en, zesumme mam Joseph-Antoine Schroell, d'Wochenblatt für Bürger und Landleute erausginn, déi éischten Zeitung zu Lëtzebuerg mat engem Feuilleton. [Änneren] Kuckt och |