Aner Sproochen

Symmachia

Eng Symmachia oder Symmachie (gr.: συμμαχος - "Matkämpfer, Alliéierten") war eng militäresch Allianz am ale Griicheland.

Och aner grouss antik Bündnissystemer, wéi d'Peloponnesesch Liga oder den Attesch-Delesche Séibond, ware Symmachien, an denen déi eenzel Poleis mat der Hegemonialmuecht vum Bond (Sparta bzw. Athen) e bilaterale Vertrag geschloss haten. Allerdéngs hu sech an dëse d'Bündnissystemer d'Partner och zum Militärdéngscht verpflicht, wann d'Hegemonialmuecht dëst gewënscht huet, woumadder d'Allianz en offensive Charakter krut.

Am Peloponnesesche Krich koum eng Form vun der Symmachie mam Numm Epimachie (Epimachia) op, déi eigentlech nëmmen déi al Form vun der Symmachie war, an e strikten defensive Charakter hat. D'Bündnis huet nëmmen zum Bäistand verpflicht, wann en anere Bündnispartner ugegraff ginn ass1.

D'epirotesch Stämm, déi sech ënner de Kinneke vun de Molosser zesummegedo haten, waren och eng Symmachie. Hegemon vun dëser Symmachie waren d'Kinneken aus der Famill vun den Aiakiden.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Ernst Baltrusch, Symmachie und Spondai. Untersuchungen zum griechischen Völkerrecht der archaischen und klassischen Zeit (8.-5. Jahrhundert v. Chr.), De Gruyter, Berlin/New York, 1994. (ISBN 3-11-013745-3)

[Änneren] Um Spaweck

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: Vgl. Thukydides I, 44.

Hellenopedia â€“ All d'Artikelen op der Wikipedia zum antike Griicheland.

Karate, stepper, boks, yoga mazury imprezy integracyjne słownik włoskiego Życzenia urodzinowe Prawo jazdy Tekstunie na E pozycjonowanie stron Studia administracyjne zyciowe cytaty Nieruchomości Katowice firany Jak zaplanowac płeć dziecka Opisy do GG! Najlepsze opisy! wyniki na żywo wartościowy katalog kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf