|
GeschirkëschtAner Sproochen |
Sola
D'Sola war eng Maschinnepistoul, déi zu Ettelbréck vun der Société Luxembourgeoise d'Armes S.A. gebaut gouf.
[Änneren] D'FabrécksgebaiDeen éischte Modell war d'Sola-Super, e Modell, dee staark inspiréiert war vun der belscher Vigneron. D'Surface vun der Waff war gro sulphatiséiert a mat Ammoniak behandelt. De Grëff war aus Plastik.br> Ënner dem Waffekierper war den Numm SOLA an e roude Léiw ageklappt, e roude Léief, dee fir verschidde Commanden awer erausgefräst gouf. [Änneren] De LafDe Laf ass an Däitschlanf kaaft ginn. Duernoass den Drall zu Wecker gehummert ginn. Duerno goufen déi réi Leef op Ettelbréck bruecht, wou se op d'Längt geschnidde goufen an den Drall noverschafft gouf. Am Ganze bestoung d'Sola-Super aus just 38 Eenzeldeeler an hat e geprägte Boîtier. Lénks iwwert dem Pistoulegrëff war e Schalter mat deem een tëscht Eenzel- an Dauerfeier wiele konnt. Besonnesch war de Fait datt een och am Dauerfeiermodus duerch just liicht Drécken Eenzelschëss konnt ofginn an d'Präzisioun vun der Waff, déi wéinst dem fir eng Maschinnepistoul relativ laange Laf iwwert der Moyenne lung. 1957 koum de méi kuerze Modell Sola-Léger eraus, deen awer kee Succès kannt huet. [Änneren] D'PersonalAn der Produktioun hunn am Duerchschnëtt 19 Leit geschafft. [Änneren] Produktiounszuelen[Änneren] Um Spaweck |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||