|
GeschirkëschtAner Sproochen |
Portal:Franséisch Revolutioun« C'est une révolte ? » - « Non, Sire, c'est une révolution. »D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an deeër d'Monarchie oofgeschaf an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëschent Neizäit (« époque moderne ») an Zäitgeschicht (« époque contemporaine ») an ass domadder eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung. D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohinner fir seng absolutistesch Kinneke berühmt war (virun allem de Louis XIV.). Nach haut ass d'Franséisch Revolutioun en Thema wat ënner Historiker ëmstridden ass, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee deen si ageschloen huet. D'Franséisch Revolutioun huet och zu déiwen Divisiounen tëscht den Unhänger vun de revolutionären Iddien an de Verdeedeger vun der aler Uerdnung gefouert, den Antiklerikalen an der kathoulescher Kierch.
|