Aner Sproochen

Pont de Longdoz

De Pont de Longdoz 1862
De Pont de Longdoz 1862

De Pont de Longdoz ass eng Bréck zu Léck iwwer d'Derivatioun déi de Quartier Longdoz mat Outremeuse verbënnt. Et ass déi véiert Bréck op deeër Plaz. Et ass eng Boubréck déi an der Cantileverbauweis ausgefouert ass. Iwwer d'Bréck féiert d' Rue Grétry déi um lénksen Uwänner vun der Meuse och op de Pont Kennedy stéisst.

Déi éischt Bréck um Longdoz war en stenge Bréck a gouf 1837 gläichzäiteg mat dem Pont de la Boverie gebaut. Si ass am Ufank iwwer d' Ourthe gaangen, an iwwer e klenge Kanal. Wéi d'Aarbechte fir d'Derivatioun gemaach goufen, ass d'Kanalbecke verschwonnen, awer un der Bréck ass néischt geännert ginn.

Géint 1884 gouf déi stenge Bréck duerch eng Eisebréck ersat, déi hirersäits 1939 engem neie Modell Plaz gemaach huet.

Wéi 1975, d'Quaië vun der Derivatioun nei amenagéiert goufen, gouf dunn déi haiteg Bréck gebaut. Dës Bréck huet 6 Piste fir de Verkéier, a gläichzäteg goufen op den Uwänner Unterführungen, sougenannten Trémis matgebaut, déi et erlaben, datt de Verkéier parallel zur Derivatioun kräizungsfräi ka fonktionnéieren.

Well déi zwéin Äerem vun der Bréck wäit an den Uwänner erareechen, an dëse mat héije Mauere verbaut ass, kann e knapps d'Halschent vun der Bréck, déi op nëmmen engem Flosspilier steet, gesinn.


[Änneren] Kuckt och


Urządzenia gastronomiczne Śmieszne Opisy GG, Gadu Gadu ranking kont Szkoły tańca Noclegi Zakopane pozycjonowanie stron Hosting transport warszawa nauka jazdy kraków kartki urodzinowe Golf 3 Oranżeria zakopane kwatery Śmieszne Filmy Filmy kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf