|
GeschirkëschtAner Sproochen |
NomenklaturEng Nomenklatur ass eng fir spezifesch Beräicher zwéngend gülteg Referenzlëscht vu Bezeechnungen aus engem bestëmmte Gebitt. D'Wuert kënnt vum laténgeschen "nomenclator". Dëst war e Sklav, dee bei engem Iessen d'Nimm vun de Persounen a vun de Platen hart opgesot huet, wann se an de Sall erakoume respektiv eragedroe goufen. De Plinius den Alen (23-79) huet als éischten a senger Naturgeschicht "Historia naturalis" d'Wuert "nomenclatura" an deem Sënn gebraucht, wéi mir en haut kennen. Den Naturalist Georges-Louis Leclerc de Buffon (1707-1788) huet den zwéngende Gebrauch vun enger spezifescher Nomenklatur a moderne Wëssenschaften oder Techniken agefouert. |