Aner Sproochen

Leica Digital-Modul-R

De Modul baussen
De Modul baussen

De Leica Digital-Modul-R ass en Zousazdeel, dat et erlaabt, aus den analogen Leica-Spigelreflex-Fotoapparaten Leica R8 an Leica R9 digitaler ze maachen. Dozou gëtt den "normale" Réck ausgetosch.

Déi zwéi Modeller sinn déi eenzeg Hybrid Klengbild-Fotoapparaten, déi et ginn. De 15. Juni 2005 huet Leica Camera AG ugefaange mat der Ausliwwerung.

  • Typ: En Digitalmodul, dat vum Fotograf selwer kann ausgetosch ginn, an dee voll kompatibel ass fir d'Leica R8 a fir d' Leica R9
  • Objektiver: Et funktionéiere mat dem Modul-Réck all Leica R-Objektiver an all fréier Leicaflex-SL an SL2 Objektiver, déi R-Steiernocken nodréiglech dragebaut kruten.
  • Bildsensor: 3872 x 2576 Pixel (10 Milliounen) CCD-Chip, dee vu Kodak Image Sensor Solutions extra fir Leica entwéckelt gouf.
  • Formatfaktor: 1,37
  • Empfindlechkeet: ISO 100 bis ISO 1600
  • Speichermedium: SD-Späicherkaart
  • Date-Formater: Als RAW-Billerformat späichert de Modul an DNG, TIFF, an zwéi verschidde JPEG-Kompressionsniveauën.
  • Maximal Beliichtungszäit: 16 Sekonnen.
  • De schwaarz/wäiss Display weist un: Billercompteur, ISO, Belichtungskorrektur, de Luedzoustand vun der Batterie, Selbstausléiser, den Niveau vun der JPEG-Kompressioun, d'Opléisung, Moiré-Filter un/aus an de Wäissofgläich.
  • Menu: Schäerft, Faarfsiedegung, Kontrast, d'Nummeréierung, de Kontrast vum Faarf-Display, wéi hell de Faarfdisply ass, wéi laang déi nei Foto um Display gewise gëtt, ob den Histogramm un oder aus ass, Späicherkaart-Formatéierung, Alarmzeechen, Audiohistogramm un/aus, Datum, Zäit, User-Profile, den Update vun der Firmware, Reset.
De Modul bannen
De Modul bannen
  • Schnëttstell: IEEE 1394 Firewire
  • Batterie: Spezielle Lithium Ionen-Akku
  • Betriibstemperaturen: Tëscht 0° a 40° Celsius.
  • Seriebetrib: Maximal 2 Biller an der Sekonn, maximal 10 Biller a Serie
  • Monitor: fir d'Foto no der Opnam ze kucken a fir de Menu ze weisen
  • Verschloss: De Verschloss gëtt gespaant vun engem Elektro-Motor, deen an der "Power-Unit" ass.
  • Moossen: Wéi bei der LEICA R8/R9 mat Motordrive (B x H x T) 158 x 140 x 89 mm.
  • Gewiicht: DMR mat Power Unit an Akku: 725 g, DMR komplett mit R9: 1395 g
  • Präis vum Modul:Ronderëm 4.800 €

[Änneren] Um Spaweck


Szlifierka, profile ac zymes Karate, stepper, boks, yoga api sms winamp długopisy Bogaty student Ręceprecz Odtybetu bilety do anglii koszulki bawełniane spotkania integracyjne Noni Agroturystyka Polska odchudzanie kostiumy erotyczne kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf