|
GeschirkëschtAner Sproochen
|
Lëtzebuergesch
D' Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie aklasséiert als e westgermaneschen, mëtteldäitsche Kulturdialekt, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu den "Ausbausprooche" gezielt. D'Lëtzebuergescht gouf 1984 nieft dem Franséischen an dem (Héi-)däitschen als eng vun den dräi offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg déclaréiert (kuckt den Artikel Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg). Spéitstens zënterhier gëtt et als eng eegestänneg Sprooch ugesinn. Dofir, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënnert anerem, datt een, deen Héidäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a vill méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier. Ofgesi vun dësen éischter 'technesche' Critèren ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.
[Änneren] Geographesch VerbreedungLëtzebuergesch gëtt zu Lëtzebuerg geschwat, mee och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an Däitschland an der Géigend ëm Béibreg an am Museldall ronderëm Tréier, an der Belsch an der Provënz Lëtzebuerg, an der Géigend vun Arel, an a Frankräich an enger Partie vu Loutrengen. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat e bësse guddem Wëll kann een och nach d'USA dobäizielen, wou d'Kandskanner vun deene Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert dohinner ausgewandert waren, nach vereenzelt lëtzebuergesch schwätze kënnen, an och Rumänien, wann een dat, wat a Siwebiergen/Transsylvanien geschwat gëtt oder gouf, als Lëtzebuergesch bezeechne wëll. An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom Zweete Weltkrich net geléiert, sou datt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill Frontalierën um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer ërem, zum Beispill an Owescoursen, geléiert. Et gi verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen: Areler, Eechternoacher, Kliärrwer, Minetter, Miseler, Stater, Veiner, Weelzer, asw. Fréier gouf et esouguer vun Duerf zu Duerf Differenzen bei verschiddene Wieder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wieder (z.B. al Rëmelenger Wieder ewéi Klëppchen oder Schëntercher). [Änneren] Geschriwwent LëtzebuergeschNo enger etlecher Rei vun Uleef (kuckt dozou den Artikel : Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis) gouf am November 1976 eng eenheetlech Orthographie duerch e groussherzoglecht Reglement agefouert an 1999 liicht verännert (Mémorial B - 1976 No 68; Mémorial A - 1999 No 112). Well se net an der Schoul enseignéiert gëtt, ginn et eng etlech privat Niewevarianten, déi doruechter, och op dëse Säiten, zirkuléieren. Tëscht 2000-2002 gouf deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht entwéckelt, ee Projet deen deemools vu ville Leit begréisst gouf, awer och staark kritiséiert gouf, well an der Wierderlëscht bal keng dialektal Variante virkommen. [Änneren] MorphologieNominalmorphologie De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den Akkusativ, deen och d'Fonctioun vum Nominativ iwwerholl huet, den Dativ an nach an e puer Expressiounen de Genitiv. Vum Nominatif bleift just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi der Däiwel oder eiser Herrgott. Well de Genitiv am Lëtzebuergeschen net ausgeprägt ass, gëtt d'Possessioun mam Dativ ausgedréckt: dem Mann säi Buch. Dëst gëtt dacks als Genitivumschreibung op Däitsch a periphrastic genitive op Englesch genannt. Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mee keng Eenzuelsendung. Am Lëtzebuergesch kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi si just an der Eenzuel gülteg. Geschlechter (Genus) ginn et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entspriechen an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass de Papp männlech an d'Mamm weiblech. Meedchen ass sächlech, well den Diminutif -chen dacks d'Wierder versächlecht. Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt. Adjectivalmorphologie En Adjektiv ass e Wuert, wat e Substantiv beschreift, mee et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Constructioun. Morphologesch gesi ginn et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a kréie keng Endung:
Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv a kréien hir respektiv morphologesch Endung:
Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikele sech mat engem attributiven Adjektiv änneren: weiblech d gëtt déi (oder och di), sächlech d' gëtt dat, a Méizuel d' gëtt déi. De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, wat heescht, datt den Adjektiv selwer net geännert gëtt (z.B. -er wéi am Däitschen), mee, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir seet et och net *schéiner, mee méi schéin:
De Superlativ gëtt mat am -sten gemaach:
Exceptiounen
Dozou ginn et och nach Expressiounen wéi an eng eeler Dame oder eng gréisser Firma, mee dofir wier *eng schéiner Stad falsch. Verbalmorphologie xx Aner xx [Änneren] SyntaxWuertuerdnung An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomeen gëtt "V2" (Verb Second) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass. An Niewesätz ass d'Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen. [Änneren] NeologismenDe Begrëff "Neologismus" bezeechent an der Linguistik 1. nei Wuertbildungen, déi an den allgemenge Sproochgebrauch agaange sinn, an 2. nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren. Dei rezentest Neologisme komme virun allem aus dem Engleschen an de Beräicher vun Internet, Telefonie oder Computer. De Jérôme Lulling huet dës Neologismen am Detail a senger Dokterthes iwwer déi lexikalesch Kreativitéit am Lëtzebuergeschen analyséiert (2002). Och déi semantesch Mutatioune goufen dokumentéiert a virun allem dat deemools 'neit' Lëtzebuergescht aus den Chat-Rooms, den SMSen an den E-Mailen. Dat war fir déi Zäit zimlech revolutionär, well déi meescht linguistesch Aarbechten do virdrun hunn dem Lëtzebuergeschen iwwerhaapt keng lexikalesch Kreativitéit méi zougetraut. Hei e puer Bespiller vun Neologismen, déi een an der lëtzebuergescher Sprooch fënnt:
[Änneren] Fir ze liesen
[Änneren] Linken[Änneren] Kuckt och
[Änneren] "Sproochegesetz" zu Lëtzebuerg[Änneren] Um Spaweck
|
|||||||||||||||||||||||||||