|
GeschirkëschtAner Sproochen |
Konstitutionell Garde vum Kinnek
De Sëtz vun der Garde an der Militärschoul.
Wéi sech d'Assemblée constituante den 3. September 1791 opgeléist huet, huet si en Dekret erausginn, wat besot huet, datt de Kinnek d'Recht op eng Konstitutionell Garde hätt. Dës krut den Numm Garde constitutionnelle du Roi oder och Garde Brissac. Dës Garde war den Nofolger vun de véier Leifgarde vum Militäreschen Haus vum Kinnek no der Flucht op Varennes den 21. Juni 1791, och wa verschidde Jakobiner dergéint waren. D'Kreatioun vun dëser Garde war schonn an der Konstitutioun vu 1790 virgesinn, mee de Louis XVI. hat dëst Gesetz net un d'grouss Glack gehaangen, fir seng al Garden ze behalen.
[Änneren] Eng kuerz ExistenzDës Unitéit, déi vum Generol-Herzog vu Cossé-Brissac dirigéiert gouf, hat nëmmen eng kuerz Existenz. Hire Sënn war ët, d'Persoun vum Kinnek a seng Famill ze verdeedegen. D'konstitutionell Garde vum Kinnek huet am Géigesaz zu de Legenden no engem Plang vum Delessart bestanen aus :
D'Linnentruppen hunn eng gewëssen Zuel vu jonke Garden zur Demissioun gezwongen, déi duerch eeler Zaldoten ersat goufen, déi fir méi zouverlässeg ageschat goufen2. Vill vun dëse Garde ware Meeschter am Fechten, hu gutt geschoss a waren exzellent Kavaléier. Des hommes d'audace et d'aventure...3. De Louis Hercule Timoléon vu Cossé-Brissac (1734-1792) war de Chefkommandant vun der Konstitutioneller Garde vum Kinnek. De Feldmarschall Jean-Georges-Claude Baude, Baroun vu Pont-l'Abbé4 war de Kommandant vun de Fousstruppen. De Feldmarschall-Herzog Louis Charles d'Hervilly war de Kommandant vun der Kavalerie. D'Konstitutionell Garde vum Kinnek huet aus sechs Divisioune vu Fousstruppe vun 200 Männer an dräi Divisioune vun 200 Kavaléier bestanen, also 1.800 Garden an net 6.000, wéi den Alexandre Dumas geschriwwen huet5. Dës Zaldoten, déi hire Service den 1. Januar 1792 opgehol hunn, an hunn am Mäerz en Eed op d'Natioun, d'Gesetz an de Kinnek geleescht. An dach schreiwt den Alexandre Dumas :
A Wierklechkeet huet d'Garde hir Aarbecht gutt gemaach, huet Opstänn néiergeschlo an de Kinnek virun de Manifestante beschützt. Si huet les députés sur les bancs de l'Assemblée net beleidegt. Eng Partie vun de Membere vun der Garde waren och Member vun de Jakobiner6. Den Alexandre Dumas schreiwt weider : En outre, un monde de chevaliers de Saint-Louis qui sortent on ne sait d'où, qu'on décore on ne sait pourquoi. Allerdéngs konnt et un monde de nouveaux chevaliers de Saint-Louis guer net ginn, en Dekret vum 1. Januar 1791 hat dësen Uerden opgeléist 7. Natierlech huet d'Marie-Antoinette dës Gard lues a lues nei organiséiert. Mee och wa verschidden Offizéier vun der Kinnigin erausgesicht goufen, la noblesse ne veut point y entrer par opposition à la Constitution 8. D'Garden hunn den dräifuerwege Fändel net gedroen, a si haten eng elegant blo Uniform9. Si hu sech an der Militärschoul opgehalen a goufe vum Kinnek bezuelt 10. [Änneren] D'Opléisung vun der Garde duerch d'Assemblée législative
De Louis XVI. hat Zweifelen un der Éierlechkeet vun den Truppe wann d'Tuileries géifen ugegraff ginn 12.
D'Fantasie vum Alexandre Dumas sinn interessant, well ët déi selwecht sinn, déi en Deel vun der Bevëlkerung an och den Adel an de Joeren 1791/1792 haten. Eng Rumeur huet besot datt den Haff eng Bartholomäusnuecht mat der Hëllef vun der Garde géif plangen, an dëst den 29. Mee 1792. D'Garde nationale huet d'Garde vum Kinnek beschëllegt, eng Flucht organiséieren ze wëllen. Natierlech huet de Kinnek senger Garde les plus grandes marques d'attention ginn, mee huet sech vis-à -vis vun der Garde nationale net aneschters beholl11. A Wierklechkeet huet de Louis XVI. un der Éierlechkeet vun den Truppe gezweifelt, wann d'Tuileries géifen ugegraff ginn 12. Der Mme Campan no war hien am Géigendeel frou iwwer d'Gefiller, déi dës Trupp animéiert hunn. De jonke Joachim Murat huet eng wichteg Roll an der Opléisung vun dëser Garde gespillt, well ët war op ee vu senge Rapporten hinn, an deem hien op d'géigerevolutionär Aktivitéite vun de Membere vun der Garde higewisen huet, op dee sech d'Entscheedung vun der Opléisung gestäipt huet. De Murat war der Garde den 8. Februar 1792 bäigetrueden an huet de 4. Mäerz nees demissionéiert. Den 29. Mee 1792 huet hie geschriwwen :
De Charles François Dumouriez, deen den 13. Juni zum Krichsminister ernannt ginn ass, war och mat Schold un der Opléisung vun der Konstitutioneller Garde vum Kinnek. Obschonns sech de Girardin vill Méi gemaach huet, d'Garde ze verdeegegen, gouf de Rapport vum Claude Basire deen d'Opléisung vun der Garde gefuerdert huet ugeholl, an de Brissac gouf festgeholl. D'Poste vun den Tuileries goufen der Garde nationale iwwerginn. [Änneren] Zeremonie no der Opléisung vun der Konstitutioneller Garde vum KinnekD'Garde war an den Aa vun de Sans-culottes une pépinière infernale d'aristocratie qui conspirait pour cimenter par le sang des amis de la liberté l'affreux despotisme. Eng einfach Opléisung ass hinnen net duergaangen a si hunn d'Zaldoten ugegraff, déi d'Schlass verdeedegt hunn 13.
Den Antoine François Bertrand de Molleville huet de Kinnek gebieden, mat 100 Garde bei d'Assemblée ze goen, an dës Gesetzestexter net unzehuelen :
Den Barnave huet d'Kinnigin ugefleht, de Kinnek dozou ze bréngen, déi nei Garde mat jakobineschen Offizéiert unz'erkennen. Mee den Herrscher huet refuséiert. Méi doriwwer am Artikel 10. August 1792an den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. [Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Notizen a Referenzen1 : Bertrand de Molleville, Antoine-François, Mémoires, S. 153.
|