|
GeschirkëschtAner Sproochen
|
Känguruen
E Känguru ass eng vu bal 180 Zorte Beideldéieren. Et gi bis zu 40 Aarte vu Känguruen, déi vun ganz kléng bis zu 2 m kënne grouss ginn. Verschiddener kënnen souguer op Beem klammen.
[Änneren] VerbreedungKängurue ginn et just an Australien an an Neiguinea. [Änneren] BeschreiwungKängurue si Beideldéiere mat laange, kräftegen Hannerbeen awer am Verglach dozou mat kuerze, schwaache viischte Been an engem décken hoerege Schwanz. Si sprangen ob hiren hënneschte Bee fir séier virun ze kommen. Hiren décke Schwanz beréiert praktesch net de Buedem. Seng Funktioun ass, bei der Fortbeweegung, dem Kierper dee wäit no vir gebéckt ass, d’Gläichgewiicht ze ginn, an am Sëtze fir de Kierper ze stäipen. Beim Kämpfe stäipt de Känguru sech ob säi Schwanz a schléit mat sengen hënneschte Been fest zou. E Känguru kann awer och ob véier Patte lafen a schleeft säi Schwanz da just hannendrun. Seng hënnescht Patte si ganz laang an hu véier Zéiwen. Hiert Gebëss huet am ieweschte Gebéck ob all Säit dräi Schneitzänn déi duerch eng Spléck vun de Bakzänn getrennt sinn. Déi mëttelst ënnescht Zänn si Schneitzänn, déi no vir geriicht sinn. Déi echt Känguruen hunn e ganz staarken hënneschten an e schwaache viischte Kierperdeel. Nëmmen e puer Aarte vu Männercher hu kräfteg Aarmmuskelen. Déi verschidden Aarte vu Känguruen hu ganz verschidde Gréissten. [Änneren] LiewensweisSi si meeschtens nuets aktiv an hu sech dem dréchene Klima an deenen nährstoffaarme Biedem vun Australien ugepasst. [Änneren] ErnierungKängurue si Planzefréisser an erniere sech haaptsächlech vu Gras a Blieder. [Änneren] FortplanzungD’Weibchen huet e Brutbeidel um Bauch an deem véier Mame sinn. An dësem Beidel zitt si hiert Jonkt grouss. E Känguru bréngt, bis ob e puer Ausnamen, normalerweis just ee Jonkt ob d’Welt. D’Zäit tëschent der Befruchtung an der Gebuert variéiert, ofhängeg vun der Aart, tëschent 29 an 38 Deeg. De Beidel gëtt kuerz virun der Gebuert gutt ausgeleckt, da gëtt sech mam Réck géint eppes gestäipt, déi hënnescht Been, mam Schwanz dotëscht, wäit ewech gestreckt. Dat d’Jonkt kënnt an enger Blos ob Welt, déi mat Fruuchtwaasser gefëllt ass. No der Gebuert zerplatzt dës Blos an de Nowuess klëmmt esou séier wéi méiglech an der Mamm hire Beidel, wou en dann ofgeleckt an duerno während zwee bis dräi Méint geniert gëtt. No aacht Méint klamme si dann endgülteg aus dem Beidel well si dann ze grouss sinn, ginn awer nach bis zu engem Joer weider geniert. [Änneren] SystematikFamill: Känguruen (Macropodidae)
|
|||||||||||||||||||||||||||||||