|
|
|
Jean-Pierre Kemmer
Schonns a jonke Joren huet de Jempi Kemmer Piano geléiert. Jorelaang war hien am RTL-Orchester Perkussiounist a gouf no der Pensionéierung vum René Mertzig Orchesterpianist. De Kemmer huet vill Kompositiounen opweises, dorënner Orchesterwierker wéi Dimanche matin à Luxembourg, Symphonie des morts, Le chant des saisons an eng Onmass populär Melodien, zéng Operetten, An enger Summernuecht an D'Vakanz am Mëllerdall. Dozou kommen nach d'Arrangementer fir 15 Revueën vum Lëtzebuerger Theater ënner dem Eugène Heinen. 1969 huet de Kemmer d' Choeurs Jempi Kemmer gegrënnt. |