Hyperlink

En Hyperlink oder kuerz Link ass e Verwäis (Referenz) op en anert Hypermedia-Dokument (Websäit), op eng aner Plaz am aktuellen Textdokument oder op eng aner Informatiounsressource am Internet. Duerch d'Prinzip vun den Hyperlinks kann de Benotzer ganz einfach queesch duerch de Web navigéieren, ouni streng lineär virzegoen.

Hyperlinks ginn a Form vun URIs uginn, déi Informatiounsressourcen am Internet spezifizéieren. Am Webbrowser ginn dës Linken da bei der Duerstellung vum Dokument entspriechend markéiert, sou datt se vum Benotzer einfach mat engem Mausklick aktivéiert kënne ginn. Sou geléngt de Benotzer automatesch zu där entspriechender Ressource, ouni d'URI an dat zur Verfügung gestalltent Browserfeld anzetippen.

Dat englescht Wuert Link gouf an der lëtzebuergescher Versioun vu Microsoft Windows mat Verknëppung iwwersat.


Daemon kredyty samochodowe Coaching Dowcipy wypracowania z historii Tapety na pulpit deweloperzy wczasy nad morzem Lokówki, prostownice Teksty mp3 dodatki krawieckie folie okienne Stemple budowlane Teledysk wynajem maszyn budowlanych kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf