|
GeschirkëschtAner Sproochen |
Grande PeurD'Grande Peur (Grouss Angscht) war eng populär Bewegung a Frankräich um Ufank vun der Franséischer Revolutioun, vum 20. Juli bis 6. August 1789. Bei der Landbevëlkerung goufe sech Rumeuren erzielt, datt den Adel Brigangen ugestallt hätt, fir géint d'Bauere virzegoen, an hir Dierfer a Felder ze zerstéieren. Als Entwert dorobber hunn d'Baueren hir Mëschtgafele gepak, a si géint hir adeleg Häere gezunn, hu Schlässer geplëmmt, an Dokumenter mat de feudale Rechter verbrannt.
[Änneren] UrsprongD'Grande Peur ass an der Provënz zu stane komm, aus enger Mëschung tëscht Rumeure vun engem aristokratesche Komplott an den Neiegkeeten, déi vu Paräis komm sinn, wou ët drënner an driwwer gaangen ass (Stuerm op d'Bastille, Ballhauseed...). Esou gouf sech ënner der Landbevëlkerung erzielt, datt d'Adeleger Brigangen agestallt hätten, fir sech am Land ronderëm ze dreiwen, an d'Kar, wat nach gréng war, ofzeschneiden, sou datt näischt méi fir d'Baueren iwwreg wär. Dëst ass d'Iddi vum Aristrokratesche Komplott. Ausserdem gouf gegleeft, datt d'adeleg Proprietären d'Kar géifen huelen, fir ët zu engem Héchstpräis ze verkafen. D'Angscht virun dëse Brigangen huet sech séier verbreed, an ët koum zu simultane Revolten: an der Franche-Comté ass d'Panik ausgebrach, wéi ët zu enger Polferexplosioun am Schlass vu Quincey bei Vesoul komm ass; an der Champagne gouf de Stëps, deen d'Schof op der Strooss hannerlooss hunn, fir dee vun Zaldote gehalen; am Beauvaisis (Maine) ; an der Regioun vun Nantes a vu Ruffec goufe suguer Mönche fir Bandite gehalen. [Änneren] OnrouenIwwerall a Frankräich koum ët zu Opstänn, Attentater, a Bränn: zu Marseille, zu Lyon, zu Grenobel, zu Stroossbuerg, zu Rennes, zu Saint-Malo, zu Le Havre, zu Dijon, mee och an de klengen Dierfer um Land, wéi zum Beispill am Mâconnais, wou d'Proprietéite vun de Grondhäere vun de Baueren zerstéiert goufen. D'Landbevëlkerung huet sech Waffe gesicht, a Milize gegrënnt, fir sech besser géint d'Brigange wiren ze kënnen, mee och fir Schlässer an Abteien z'iwwerfalen, wou si d'Kar geklaut an d'Archiver verbrannt hunn. Zu Ruffec huet sech d'"Angscht" zum Beispill séier verbreed: lass goung ët den 28. Juli 1789 a vu Ruffec aus weider an den Norden op Civray a Châtellerault, am Westen op Saintes, am Osten op Confolens a Montluçon, an am Süde Richtung Angoulême, Limoges, Cahors, Brive (30. Juli), Montauban (31. Juli), Toulouse a Rodez (1. August), Lombez (2. August), Pamiers, Saint-Girons, Saint-Gaudens (3. August), Foix an Tarbes (5. August). Verschidde Regioune sinn awer och komplett verschount bliwwen: d'Bretagne, den Elsass an de Languedoc. An der Aquitaine, déi den Honnertjärege Krich matgemaach hat, krut d'Angscht den Numm Peur des Anglais. E Curé vu Prayssas huet iwwer d'Grande Peur geschriwwen :
D'Baueren, nodeems si bis hir Waffen haten, hunn allerdéngs keng Brigange fonnt. Si si weider bei d'Schlässer gezunn, an hunn no den ale Charte gefuedert, wou d'feudal Rechter opgeschriwwe waren, fir dës ze verbrennen. Si haten an hire Cahiers de doléances d'Ofschafung vun dëse Rechter gefrot. Si sinn deelweis esouguer esouwäit gaangen, al Häerenhaiser a Brand ze stiechen. De Curé vu Bissy-la-Mâconnaise war Zeie wéi d'Schlass vu Lugny a Flamen opgaangen ass:
D'Opstänneg hu sech selwer an den Adlegen Angscht gemaach. De Georges Lefebvre beschreiwt fënnef Richtungen a sengem Wierk La Grande peur de 1789. Dës verschidde Courantsën hu sech net wierklech ofgeschwat, si waren duerch gemeinsam Ziler animéiert. Duerch d'Grande Peur koum ët zu enger bewaffneter antifeudaler Revolt. D'Schlässer goufe verbrannt fir der Assemblée hire Wonsch kloer ze maachen: d'Ofschafung vun der Feudalitéit. Fir dës Revolt op en Enn ze brengen, huet d'Assemblée an der Nuecht vum 4. August d'Ofschafung vun de Privilegien dekretéiert. Laut der Mary Matossian soll och de Mammekäer, deen dacks am Miel vun dëser Zäit ze fanne war, an dee gäeren Halluzinatiounen ervirrifft, eng Roll an der Grande Peur gespillt hunn1. [Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Notizen a Referenzen1Mary Kilbourne Matossian, Poisons of the Past: Molds, Epidemics, and History [Änneren] Um Spaweck
|