Déi international Andeelung vun der geologescher Zäitskala gëtt duerch d' "International Commission on Stratigraphy" (ICS) gemacht.
| Äon |
Ära/Zäitalter |
Period |
Epoch |
viru ... Joer (M= Millioune) |
Entwécklung |
PHANEROZOIKUM
"Zäitalter vun de sichtbare Fossilien" |
Känozoikum
Äerdneizäit |
Neogen (Quartär)
Dominanz vun de Mamendéieren |
Holozän |
11.500 |
Enn vun der Äiszäit. De Mënsch dominéiert. Ausstierwë vu villen eiszäitl. Groussäuger. |
| Pleistozän |
1,6 M |
Period vun den jéngsten Äiszäiten. Entwécklung vum Homo habilis iwwert den Homo erectus an Homo heidelberginsis zum Homo sapiens. |
| Pliozän |
5,3 M |
Grieser an de Steppen a Savannen. Trennung vun der Entwécklungslinn vu Mënsch a Schimpans: éischt mënschenähnlech Spezie, den Ardipithecus ramidus kadabba. Déi eelste Spezie vum Mënsch Homo habilis entwéckelt sech aus dem Australopithecus an Afrika. |
| Miozän |
23,3 M |
Méi drëchent Klima. An de Steppen a Savannen entwéckelen sech d´Mamendéieren. |
Paläogen(Tertiär)
Zäitalter vun den Äiszäiten |
Oligozän |
33,9 M |
D´Mamendéieren gi méi grouss. Éischt Waler. |
| Eozän |
55,8 M |
Waarmfiicht Klima. Weltwäit Bëschgebidder. Klengwüchseg Mamendéieren. Grouss Raubvigel. |
| Paläozän |
65,0 M |
Dinosaurier sinn ausgestuerwen. D´Äerd erhëllt sech lues vu verheerenden Asteroidenaschléi. |
Mesozoikum
Äerdmëttelalter - Ära vun den Dinosaurier |
Kräid |
145,0 M |
Héichpunkt vun der Dinosaurierentwécklung. Vulle verdrängen d´Fluchsaurier. Primitiv Mamendéieren an Insekten entwéckelen sech. |
| Jura |
200,0 M |
Risendinosaurier domininéieren d´Äerd. Éischt Vullen, Beidelmamendéieren a Bléieplanzen. |
| Trias |
251,0 M |
Bei de Reptiller zeechent sech den éischten Iwwergang zu de Mamendéieren of. Pangäa zerbrécht. |
Paläozoikum
Äerdaltertum |
Perm |
299,0 M |
Reptiller dominiéieren d´Festland. Eenzeg grousse Risekontinent entsteet: Pangäa. Éischt Massestierwen vun den Amphibien, de Reptiller an Mieresbewunner. |
| Karbon |
359,2 M |
Riseg Steekuelbëscher. Bléizäit vun den Amphibien an Insekten. Éischt Reptiller. |
| Devon |
416,0 M |
Zäitalter vun de Fësch. Éischt Amphibien. Éischt Beem. Iwwergang vun de Flossen zu de Féiss bei den Déieren. |
| Silur |
443,7 M |
Éischt Planzen u Land. Éischt Riffer duerch Korallen. |
| Ordovizium |
488,3 M |
Éischt Fësch ouni Kifer (Agnathen), Kappfüsser a Wirbeldéieren. |
| Kambrium |
542,0 M |
"Kambresch Explosioun": Entstoe vun enger villfälteger Déierewelt: Muschelen, Schleken, Kappfüsser, Korallen a Schwämm. Éischt Schuelen, Knachen a Panzer. Opbrieche vum Superkontinent Megagäa an Entstoe vu waarme Flaachwaassermierer. |
PROTEROZOIKUM
Entstoe vu komplexen Eenzeller: Bakterien a Algen. |
Neoproterozoikum |
Ediacarium |
630 M |
Nom Enn vun der globaler Veräisung Entfalung a Verbreedung vun den Villzeller ("Ediacara-Fauna"). |
| Cryogenium |
850 M |
Éischt Villzeller (Metazoen). Global Veräisungen ("Snowball Earth"). |
| Tonium |
1.000 M |
Éischt Déierefossilien. |
| Mesoproterozoikum |
Stenium |
1.200 M |
|
| Ectasium |
1.400 M |
|
| Calymmium |
1.600 M |
|
Paläoproterozoikum
Bléizäit vun de Stromatolithen. |
Statherium |
1.800 Ma |
Éischte fräie Sauerstoff an der Atmosphär. |
| Orosirium |
2.050 M |
Éischt eenzelleg Planzen (Gréngalgen) und Déieren (Protozoen) mat Zellkär ("Eukaryoten"). |
| Rhyacium |
2.300 M |
Éischt Äiszäit. |
| Siderium |
2.500 M |
Éischt komplex Eenzeller mat Organellen. |
ARCHAIKUM
Entstoe vum Liewen. |
Neoarchaikum |
2.800 M |
|
| Mesoarchaikum |
3.200 M |
Éischt Stromatolithen: Entwécklung vun der Photosynthes duerch Cyanobakterien ( Bloalgen). |
| Paläoarchaikum |
3.600 M |
Éischt Bakterien(Schizophyta) a Bloalgen (Cyanophyta). |
| Eoarchaikum |
3.800 M |
Ufank vun der chemescher Evolutioun: komplex organesch Moleküler. |
| HADAIKUM |
4.570 M |
Entstoe vun der Äerd. |