|
|
|
Frantz Clément
De Frantz Clément, gebuer den 3. November 1882 zu Munneref, gestuerwen den 2. Juni 1942 am Kazett Dachau, war e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller. [Änneren] Säi LiewenDe Frantz Clément (am Gebuertsregester "Franz Clement") gouf den 3. November 1882 als Jong vun engem Metzler zu Munneref gebuer. Vun 1901 bis 1904 war hie Schoulmeeschter zu Rued bei Ell a vun 1904 bis 1905 zu Kauneref. Mat enger Bourse déi hien 1905 vun der Regierung Eyschen krut, huet hien ee Joer laang op der Universitéit zu Leipzig Philosophie, Psychologie a Germanistik studéiert. 1907 huet hien zesumme mat dem Eugène Forman an dem Marcel Noppeney déi lëtzebuergesch Literaturzäitschrëft Floréal gegrënnt. 1913 gouf hien haaptberufleche Chefredakter beim Escher Tageblatt. Den 13. August 1914, am Ufank vum Éischte Weltkrich, gouf hie wéinst sengen Zeitungsartikelen zesumme mam Tageblatt-Direkter Paul Schroell verhaft. Déi zwee koume fir fënnef Wochen an de Prisong op Koblenz. De Frantz Clément huet seng batter Erliefnisser vun do am Buch Zelle 86 K.P.U., dat 1920 erauskomm ass, verschafft. 1923 war hie Matbegrënner vun de Cahiers Luxembourgeois. De Frantz Clément war de Koseng vum Hubert Clément. [Änneren] Seng Wierker
[Änneren] Linken[Änneren] Kuckt och[Änneren] Um Spaweck |