Esch-Sauer


Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Esch-Sauer
De Wope vun Esch-Sauer

Wopen
An anere Sproochen fr.: Esch-sur-Sûre
de: Esch-Sauer
Gemeng Esch-Sauer
Buergermeeschter Gilles Kintzele
Kanton Wolz
Awunner 290
Fläch
Koordinaten 49° 54’ 41’’ N
5° 56’ 5’’ O
Awunner (Gemeng) 290 (Gemeng 09.11.2006)
Fläch (Gemeng) 676 ha
Uertschaften - Gemengen - Stied


Lag
Lag

Esch-Sauer, oder Esch am Lach, ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen an en Duerf mat knapp 200 Awunner un der Sauer am Kanton Wolz. D'Uertschaft läit an engem Dall an huet sech am Laf vun de Joerhonnerten ronderem e Fiels entwéckelt, op deem nach haut d'Ruine vun der Buerg stinn. Vun uewe gesinn, huet Esch-Sauer eng Schlengeform. D'Duerf läit tëscht Kauneref, Lëlz an Eschduerf.

[Änneren] Uertschaften an der Gemeng

Esch-Sauer ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng mam selwechten Numm.

[Änneren] Geschichtleches

Fir d'éischte Kéier gëtt Esch-Sauer am Liber Aureus Epternacensis ernimmt. Do steet geschriwwen, datt e gewëssen Nebulungus seng Gidder a seng Sklaven der Iechternacher Abtei vermaach huet. Dat war am drëtte Joer vun der Herrschaft vum Karel dem Groussen, also tëscht dem 9. Oktober 773 an dem 9. Oktober 774.

Esch-Sauer aus der Loft
Esch-Sauer aus der Loft

[Änneren] D'Grënnung vun der Buerg Esch-Sauer

Am Muout Juni vum Joer 927, huet e gewësse Maingaud ,seng Fra Hiltrud an hire Jong Godfrid vun der Abtei Stavelot Land, Wisen an 146 Anwunner an der Uertschaft Esch krut. Op dem Bierg deen derzou gehéiert huet ass d'Buerg Esch Sauer opgeriicht ginn.

  Méi doriwwer am Artikel Buerg Esch-Saueran den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Gemengewalen

[Änneren] 1999

Well sech fir d'Gemengewale vun 1999 just 7 Leit fir déi 7 Plazen am Gemengerot vun der Gemeng Esch-Sauer ageschriwwen haten, war keng Wal noutwenneg. Et waren automatesch gewielt:

  • Pierre Goedert
  • Norbert Huss
  • Marcel Lang
  • Jeannot Sanavia
  • Robert Steffen
  • Ronald Streumer
  • Claude Thilges

Eng Ofännerung vum Walgesetz huet ënner anerem mat sech bruecht datt et kee Ballotage méi bei de Gemengewale gëtt.

[Änneren] 2005

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 si folgend Leit an den Gemengerot vun Esch-Sauer gewielt ginn:

  • Pierre Goedert
  • Fernand Huberty
  • Gilles Kintzelé
  • Marcel Lang
  • Jeannot Sanavia
  • Claude Thilges
  • Eugène Wiltgen

[Änneren] Buergermeeschtere vun der Gemeng Esch-Sauer

  • Claude Thilges (bis 2006)
  • Gilles Kintzelé (vun 2006)

[Änneren] Syndikater

Esch-Sauer ass Member am:

  • DEA Syndicat pour la conduite d'eau des Ardennes
  • SIDEC Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes de la région de Diekirch, Ettelbruck et Colmar-Berg
  • SYVICOL Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux
  • SYCOPAN Syndicat intercommunal du Parc Naturel de la Haute-Sûre
  • Naturpark Öewersauer Syndicat pour l'aménagement et la gestion du Parc Naturel de la Haute-Sûre
  • Syndicat de communes pour la creation, l'entretien et le fonctionnement d'un centre scolaire intercommunal à Heiderscheid


[Änneren] Kuckeswäertes

[Änneren] Geplangte Fusioun

Zënter 2006 sin d'Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen am Gaang, eng Gemengefusioun virzebereeden.

Dës nei Gemeng soll Esch-Sauer heeschen a wier da flächeméisseg déi gréisst aus dem Kanton Wolz mat 5.126 ha. Sie hätt ongeféier 2.000 Awunner.

De Sëtz vun der neier Gemeng entsteet zu Eschduerf.

Den éischten neie Gemengerot, deen aus de Gemengewalen vun 2011 erausgeet, soll sech aus 13 Conselljen zesummensetzen an zwar

  • 7 aus der aktueller Gemeng Heischent;
  • 3 aus der aktueller Gemeng Esch-Sauer;
  • 3 aus der aktueller Gemeng Néngsen.

Uertschaften an der Fusiounsgemeng

  • Bommel (zur Zäit Gemeng Néngsen)
  • Burfelt (zur Zäit Gemeng Néngsen)
  • Dierbech (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Ënsber (zur Zäit Gemeng Néngsen)
  • Eschduerf (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Esch-Sauer (zur Zäit Gemeng Esch-Sauer)
  • Heischent (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Heischtergronn (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Hierheck (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Lëlz (zur Zäit Gemeng Néngsen)
  • Merscheet (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Néngsen (zur Zäit Gemeng Néngsen)
  • Réngel (zur Zäit Gemeng Heischent)
  • Toodler (zur Zäit Gemeng Heischent)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


Zakłady Bukmacherskie Betako wyszukiwarka mp3 odchudzanie zyciowe cytaty kierownik budowy Problemy z komputerem bezpieczeństwo sieci Pożyczki hipoteczne Szlifierka, profile Wymagania - tylko tutaj ! Forum Wielotematyczne Darmowy Katalog stron Detox Vision hosting bielizna kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf