|
|
|
Centre culturel "Schungfabrik"
Den Urspronk war e Schousteschatelier an der Rëmelengerstrooss zu Téiteng. Nodeem den Här Mathias Hubert e puer Geselle beschäftege konnt, huet en ugefaangen zolidd Aarbechtsschong fir d'Mineuren an d'Baueren ze maachen. 1913 huet en dunn eng Schongfabréck an der deemoleger Wisestrooss, haut Pierre Schiltz Strooss, gebaut. D'Geschäft huet floréiert, well 1917 ass d'Fabréck, an deeër schonns 70 Leit geschafft hunn, vergréissert ginn. Zu deem Zäitpunkt sinn d'Sécherheetsschong mat de stolen Nuesen do gemaach ginn. Wéi méi modern Schongforme gefrot gouwen, war déi al Ariichtung net méi rentabel genuch. 1964 gouf d'Schongfabréck vun der Firma Romika iwwerholl. Duerch den Asaz vu moderne Maschinnen ass d'Zuel vun den Aarbechter op 37 erofgaangen. Schlussendlech gouf d'Schongfabréck 1966 ganz zougemaacht. Si war nach eng Zäit en Depot fir Bürosmiwwelen, ier se am Mäerz 1980 vun der Gemeng opkaaft gouf. Si ass renovéiert ginn an heescht zënter dem 19. Januar 1990 offiziell "Centre culturel "Schungfabrik" vun der Gemeng Käl-Téiteng". [Änneren] Literatur
|