|
Geschirkëscht |
Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
E Bléck an de banneschten Haff, Agora Marcel Jullian genannt
1606 gouf ugefaange mat dem Bau vun der Abtei Neimënster, nodeems d' Benediktinerabtei Almënster schwéier beschiedegt gi war. D'Gebaier ëmfaassen d'Kierch St. Jean a véier Gebaier, déi ronderëm e Bannenhaff leien. Fir d'éischt war d'Klouschter e Militärhospiz bis 1867, duerno bis 1980 Männerprisong. Hautesdags ass et e sozio-kulturellen Zentrum. Den CCRN begräift dräi Gebaier-Bléck, vun deenen der 2 no Leit genannt sinn: d'Haaptgebai genannt Abbaye, de Bâtiment Criminel Robert Bruch an deem d' Studio'en an Atelier'en fir Artisten, souwei den Institut Pierre Werner and den Institut Européen des Itinéraires Culturels an de Sall Robert Krieps, een Auditoire fir 283 Leit. [Änneren] De Kräizgank vun der AbteiDe Kräizgank vun der Abtei ass ageriicht ginn, fir eng Daueraustellung vum Lucien Wercollier senge Skulpturen ënnerzebréngen. Do sinn iwwer 20 Wierker a Bronz, Alabaster an am Marmer all Dag vun 11h00 bis 18h00 bei fräiem Entrée bei beschte Liichtkonditiounen ze gesinn. [Änneren] Agora Marcel JullianD'Agora Marcel Jullian ass de banneschten Haff vun der Abtei, dee mat enger gliesener Konstruktioun iwwerdaacht ass. Un enger Säitemauer vun der Agora ass de Projet the portrait society mat 504 Eenzelportraitën, e Wierk vum lëtzebuergesche Konschtschafenden Roland Schauls, ze gesinn. [Änneren] Um Spaweck |