Aner Sproochen

Canon EOS Digital-Fotoapparaten

D'Canon 450D
D'Canon 450D

Den EOS-System vu Canon ass eng Famill vu Spigelreflex-Fotoapparaten a Wiesselobjektiven, déi dobäi passen. (EOS = Electro-Optical System). Deen éischte Fotoapparat iwwerhaapt, deen den Numm EOS gedroen huet gouf 1987 virgestallt, dat war natierlech ee fir Klengbild-Filmer.

Am Joer 1995 gouf déi éischt digital Canon EOS virgestallt.

Fir digital Spigelreflex-Fotoapparate mat méi klenge Bildsensoren, am Verglach mam Klengbildformat huet Canon speziell Objektiver produzéiert.

Well bei deene méi bëllegen digitalen EOS Modellen d' CCD-Chip-Fläch mat 22.2 x 14.8mm däitlech méi kleng ass wéi d'Negativ vun enger Klengbildformat-Foto (24x36 mm), kënnt et zu engem sougenannte Verlängerungsfaktor (Crop-Faktor): Bei deene selwechten opteschen Eegenschafte vum Objektiv kënnt et zu engem méi klengen Bildausschnett wéi bei engem analogen Apparat mat Klengbildfilm, deen deem vun engem mam Crop-Faktor multiplizéierten Brennwäit entsprécht.

Esou huet de EOS 300D an deem säin Nofolleger de EOS 350D e Verlängerungsfaktor vun 1,6. Doduerch huet e 50mm-Objektiv un enger EOS 350D deeselwechte Bildauschnett wéi en 80mm-Objektiv un enger Klengbild-Spigelreflex.

[Änneren] Modeller

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Canon EOS 300D – Biller, Videoen oder Audiodateien

Stemple budowlane Forum posts.com.pl Cena Canon EF 50mm 1.4 Ciekawe strony Katalog Firm mocne linki wczasy nad morzem karta kredytowa szyny kolejowe Szybkie odchudzanie Opisy NetBiznes - e-biznes Baza przedszkoli eutanazja Canon A720 IS kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf