Aner Sproochen

Camille Polfer

De Camille Polfer 1982
De Camille Polfer 1982

De Camille Polfer, gebuer den 21. November 1924 zu Namouer a gestuerwen an der Stad Lëtzebuerg de 19. Mäerz 1983, war e lëtzebuergesche Professer a Politiker.

Hie war a Frankräich an der Primärschoul, huet awer duerno seng Sekondärsstudien zu Iechternach gemaach. Hie hat wëlles fir Schoulmeeschter ze ginn, mä den Ausbroch vum Zweete Weltkrich hat hien dorun gehënnert. Als Zwangsrekrutéierten hat hien am Krich vill matgemaach.

Nodeems hien erëm zu Lëtzebuerg war, ass hien op Nanzeg studéiere gang a krut do sain Diplom als Sportsprofesser.

De Camille Polfer krut seng Nominatioun als Sportproffesser am Jongelycée vun Esch de 27. Dezember 1950, vu wou hien 1959 an d'Industrieschoul um Lampertsbierg gewiesselt ass. Am Mäerz 1969 gouf hie Sportskommissär als Nofolger vum René Van Den Bulcke.

1969 koum hien als Conseiller an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Hien huet do de Gaston Thorn ersat, dee Minister an der Regierung Werner-Schaus II gouf. Zeng Méint méi spéit gouf de Camille Polfer Schäffen.

Ënn 1980 gouf hie Buergermeeschter andeems hien d'Nofolleg vum Colette Flesch ugetrueden huet. D'Colette Flesch huet de Gaston Thorn, dee President vun der Europäescher Commissioun gouf, an der Regierung ersat.

Bei de Gemengewahlen am November 1981 krut de Camille Polfer déi meeschte Stëmmen, huet awer duerno aus gesondheetleche Grënn senger Duechter Lydie Polfer d' Mandat vum Buergermeeschter iwwerlooss.


Virgänger:
Colette Flesch
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1980- 1982
Nofolleger:
Lydie Polfer




muzyka teledyski Teledysk Oranżeria hostessy Filmowa Pobieralnia Budowa skrzyni biegów,książka Tusze Apteka Organizacja imprez hosting Gadu Gadu interpretacje-orzeczenia.pl wakacje Pozycjonowanie stron Cytaty kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf