|
|
|
Benotzer Diskussioun:Pecalux
[Änneren] Kierch BruchSalut. Mat de "Verbesserungen" di mer eis zimlech schwéier. Am Artikel stoung ë.a. "Johann Fabritius vun Uewerwampech," wat ganz an der Rei ass. Du hues dat op "FABRITIUS Johann vun Uewerwampech" g'ännert. Firwat de "vir"numm hannen a firwat de Familljennumm mat Groussbuschtawen? Bei der Lëscht vun de Paschtéier has de den Titel nees op "Series Pastorum parochiae ad Sanctum Matthiam Brouch" bruecht. Op enger anerer Plaz wonnert ee sech iwwer eist Latäin. An dat ze Recht. Mat deene Verbesserungen an Zréckvernachbesserungen an deene sëllegen aneren, iwwer déi op enger anerer Plaz Rieds geet, si mer esou beschäftegt, datt fir Artikelennet méi vill Zäit belift, fäerten ech. --Cornischong 10:38, 9. Feb. 2008 (UTC) [Änneren] Wat op den "Diskussiounssäite" steetSalut. Wat hei op den Diskussiounssäite steet, ass nat ëmmer "dat Gielt vum Ee". A fir dat, wat jiddereen afsonnert, soll hie selwer riicht stoen. Et däerf op alle Fall net dozou kommen, dat ee mengt, hie kéint hei den Zensor spillen, an anerer hir "Meenung" op den Diskussiounssäite läschen! De Stamminet gëtt vun Zäit zu Zäit archivéiert, mee net geläscht. Wann hei ee schreift, hie géi "rose wéi eng Sau" ginn, da gëtt dat och archivéiert. Datt et hei net ëmmer "drockräif" zougeet, ass traureg genuch. Datt der scho genuch hierer Wee gaange sinn, well ee sech drugehalen huet, hinne widder d'Boxebeen ze pissen, ass aarmeséileg. Wann ee mengt, hie misst deenen anere mat Statistiken noweisen, datt hien dee Schéinsten ass, da kann en dat op senger Usersäit maachen, sou laang e Loscht drop huet. Virun enger Woch hunn ech mech och gefrot, ob dat "dat hei" nach e Sënn gëtt, wou der "e puer" sech mat eppes Aarbecht maachen, an anerer sech dichteg virkommen. Mer wäerten an deenen nächste Woche gesinn, watfir eng Mentalitéit hei iwwerlieft. --Cornischong 09:19, 16. Feb. 2008 (UTC) [Änneren] DiskussionsäitBon an der réih, dann gin Fehler eben net verbessert, mais boykottéieren maan ech lb.wikipedia.org trotzdem wann mer sou kléngkaréiert hei sin, dann sin ech et och. An nach vill Gléck, dir wärt et bräuchen bei souenger Astellung, Dialekt ass hei bestemm falsch op der Plaatz. (Liensen LMAO) <o_O> Rom. Feeler an Artikele gi verbessert, deng Feeler déi s du hei driwwer op der Diskussiounssäit schreifs loossen ech awer stoen. Artikele sinn am Koinè gehalen, awer op Diskussiounssäiten ass Dialekt erlaabt. Mee net all Fantasieschreifweis ass en eegenen Dialekt, well och d'Dialekter hu sech strikt un d'Regele vum groussherzogleche Reglement vum 30. Juli 1999 ze halen. Och där nach vill Gléck mat dengem Boykott. --Otets ♣ 00:25, 19. Jun. 2008 (UTC) Kloerstellung Salut, De Message vum Otets hei uewendriwwer ass eng Äntwert op d'Bemierkung vun der IP déi met <o_O> ënnerschriwwen huet. Si ass net fir de Pecalux geduecht. Les Meloures 09:34, 19. Jun. 2008 (UTC) Genee, et war just op deem "Rom" säi Message gemënzt. --Otets ♣ 21:25, 21. Jun. 2008 (UTC) [Änneren] LausanneGudde Mëtteg, Ech hunn Lausanne aus de Aen verluer, Du kanns domat virufueren, merci - --ernmuhl 13:20, 5. Aug. 2008 (UTC) |