Benotzer Diskussioun:Jangli

Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de der als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.

Rotschléi fir déi richteg Schreifweis sinn hei ze fannen!

Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.

Fir deng Messagen z'ënnerschreiwen, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum derbäistoen.

Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.

Cornischong 19:03, 25 Aug 2004 (UTC)

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Interwiki Links

Ech krut folgend ganz nëtzleches Info op der franséischer Wiki matgedeelt:

Hello,

I noticed you are adding link to the lb: wikipedia. We have some bots around that take care of interwkis. Just be sure the link is on the english version of the article and our bot will automaticly add it :o))

Ashar Voultoiz|@ 27 aoû 2004 à 15:33 (CEST)

A titre info :)

Briséis 13:53, 27 Aug 2004 (UTC)

[Änneren] Fotoen

Moien. Hues de keng "lieweg" Fotoen iwwer den Handball. Déi Foto vum Goal (aus der spuenescher Wikipedia) ass net grad "terribel". --Cornischong 08:34, 6 Oktober 2005 (UTC)

Déi Foto vum Goal hunn ech aus der spuenescher Wikipedia. Luet se roueg erop; ech hunn zwar vun der Doud an der Däiwel Fotoen, mee Sportfotoen hunn ech "nach " keng. --Cornischong 12:04, 6 Oktober 2005 (UTC)

"Hu leider net extrem vill Zäit": Tjo, wa mer hei zu 300 Leit wieren, da géif et anescht fluppen. Mee um Ufank ass alles "quokeleg". Elo gesäit den Handballsartikel scho "ganz anescht" aus!! "Jiddereen no senge Méiglechkeeten". --Cornischong 12:36, 6 Oktober 2005 (UTC)

Wéi ass et mat Biller? An: Huet dat net och e lëtzebuergeschen Numm? Et war mer wéi wann.Merci am Viraus. --Cornischong 17:37, 6 Oktober 2005 (UTC)

Moien. Entschëlleg mech, dat mam "Numm" war e Mëssverständnes. Ech wollt froen, ob "Louvain-la-Neuve" net nach e "lëtzebuerger" Numm hätt (Bruxelles --> "Bréissel"). Et war mer, wéi wann ech mol een héieren hätt. Iwwregens ass d'Foto vum Handball ganz gutt, dat gëtt dee Sport nawell gutt erëm. --Cornischong 08:50, 7 Oktober 2005 (UTC)

[Änneren] Déi gutt an déi aner

Wat schléis de vir? (Ech si e bësse méi spéit nees hei). --Cornischong 18:15, 23 Oktober 2005 (UTC)

[Änneren] LB?

Moien, ech wollt mol froen, firwaat et lb.wikipedia.org an net lu.wikipedia.org ass. Schlieslech ass .lb fir den Libanon. Ech wees elo net ob ech bei dir richteg sin, mais du bass den eischten Benotzer deen ech hei fonnt hun. Merci Rom.

Moie Rom.
De Jangli ass hei e Strapp net méi aktiv, dofir Äntweren ech der op dëser Plaz.
Et ass "lb.wiki.org" an net "lu.wiki.org", well déi verschidde Sproochversioune vun der Wikipedia no Sproochen, an net no Länner spezifiéiert ginn. An de Sprooch-Code fir Lëtzebuergesch ass nun eemol "lb", an net "lu". Oder anescht ausgedréckt: 'T huet näischt mam Top-Level-Domän ze dinn (dee fir Länner ass).
--Zinneke 08:12, 17. Jun. 2008 (UTC)

PS: Ech kopéieren dëst op de Stamminet, d'Fro ass interessant fir d'Allgemengheet.

An der réih, ech son der villmools merci. :o)
Rom.

BWin projekty domów Diagnostyka samochodowa Zarzadzanie projektami chorwacja Sposoby i metody na sukces Esperal Wózki widłowe Tapety na pulpit Architekt wnętrz Dwie twarze liberalizmu Domy Poznań katalog www www poznań darmowe muzyka teksty kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf