|
Geschirkëscht |
Baud
E Baud (Ofkierzung: Bd) ass eng Eenheet, mat där an der Norichtentechnik, d'Vitesse vun den iwwerdroenen Signaler (iwer e Modem oder am engem Netzwierk), gemooss gëtt. 1 Baud = 1 bit an der Sekonn. De Begrëff Baud ass vum Numm vum JME Baudot, dem Erfinder vum Baudot Telegraph Code, ofgeleet gi. Dohir kënnt och den Ausdrock Baud-rate (Ofkierzung: bps = bits pro Sekonn). Dat ass de Taux, mat deem d'Iwwerdrohungsvitesse vu Signalen tëscht Computerenoder iwwer e Modem gekennzeechent gëtt. Klassesch Modemme iwwerdroen mat enger Vitesse, däi tëscht 2.400 an iwwer 50.000 bps läit. E 9,6k Modem iwwerdréit z.B. mat enger Vitesse vun ongeféier 9.600 bits an der Sekonn (bps). [Änneren] Kuckt och |