|
|
|
AwunnerEn Awunner ass eng Persoun, déi hiren offizielle Wunnsëtz an enger Gemeng huet an do virschrëftsméisseg ugemellt ass. Et handelt sech heibäi ëm e reng statistesche Begrëff, dee sech vum ëffentlech-rechtleche Begrëff vum Bierger resp. Staatsbierger doduerch ofgrenzt, dass dëse besonnesch Rechter a Flichten huet. Aus dem Begrëff Awunner ergëtt sech d’Awunnerzuel (vun engem Land, enger Stad, enger Gemeng oder enger Uertschaft), wat d’Zomm vun den Awunner bedeit. |