|
GeschirkëschtAner Sproochen
|
Atheismus
De Begrëff Atheismus (v. griich.: άθεος - átheos: gottlos) bezeechent zesummefaassent all Form vu philosopheschen oder weltuschaulechen Iddien, déi d'Existenz vun engem oder méi Gëtter a ganz allgemeng vun transzendente Wiesen neegéiren. D'Bezeechnung "Atheismus" fir eng Weltuschauung, déi d'Existenz vun engem Gott neegéiert, staamt aus dem 4. bis 3. Joerhonnert v. Chr. Si ass dem Theismus entgéintgesat (cf. Theist). De Begrëff ass ufanks als offälleg Bezeechnung ("gottlos") fir Uschauungen gebraucht ginn, déi am Konflikt mat den etabléierten Religiounen stongen, an dacks och fir nei entwéckelt reliéis Uschauungen, déi meeschtens durchhaus eege Gëtter kannt hunn. Och d'Chrëschte goufen ufanks als atheoi (αθεoι) bezeechent. Obwuel et Relioune gëtt, déi keng Gëtter kennen, versteet een hautesdag ënnert Atheiste Mënschen, déi mengen, datt et iwwerhaapt keng Gëtter gëtt oder generell keng iwwernatierlech Wiesen (Geeschter, Engelen, Dämonen) oder Forcen. [Änneren] Um Spaweck
|