Aner Sproochen

Ashcan

Ashcan oder Camp Ashcan (en. fir Dreckskëscht) war de Codenumm vun engem deemools (op d'manst am Ufank) geheim gehalenen alliéierte Gefaangenelager ënner amerikanescher Féierung, um Enn vum Zweete Weltkrich. Offiziell housch et Central Continental Prisoner of War Enclosure No. 32, an et war zu Munneref am Palace Hôtel ageriicht ginn. Hei goufen tëschent dem Mee an dem September 1945 bal all déi bis dohinner gefaangen Nazigréissten an héichrangeg däitsch Militär festgehalen, fir verhéiert ze ginn, ier se op Nürnberg bruecht goufen, wou se virun d'Krichsverbriechertribunal koumen.

Ënner de 86 Gefaangene waren eng ettlech vun den nach liewege Nazibonzen: de Reichsmarschall Hermann Göring, de Julius Streicher, Editeur vun der antisemitescher Wochenzeitung Der Stürmer a Gauleiter vu Franken, de Robert Ley, Chef vun der Arbeiterfront, den Ausseminister Joachim von Ribbentrop an de Walther Funk, President vun der Reichsbank. Och e groussen Deel vun der Militärféierung sutz do: de Generalfeldmarschall Wilhelm Keitel, de Generaloberst Alfred Jodl, de Grossadmiral Karl Dönitz, de Feldmarschall Albert Kesselring, an de Generalfeldmarschall Gerd von Rundstedt.

Zu Frankfurt gouf et zur selwëschter Zäit en änlecht Lager, Dustbin genannt (wat och Dreckskëscht heescht), dat ënner britescher Féierung stung, an an deem déi éischter "technesch" Kollaborateure vum Naziregime, dorënner den Albert Speer, op hire Prozess gewaart hunn.

An der Ashcan waren d'Prisonnéier um 2. an 3. Stack ënnerbruecht, den 1. Stack war eidel, d'Amerikaner haten sech um Rez-de-Chaussée ageriicht. Déi Gefaange kunnte fräi ronderemgoen, se kunnten esouguer eraus an de Park (ronderëm deem natirlech pickegen Drot a Waachposte waren) a fräi matenee schwätzen. Dat war express esou gewollt, fir dass en se méi gespréicheg bei de Verhéier sollte ginn.

5 amerikanesch Intelligence Officer hu vun der Nazi Warcrime Commission regelméisseg Questionnairë geschéckt kritt, mat deenen se d'Prisonnéier ausgefrot hunn. Ee vun de Verhéierer war den John Ernest Dolibois, e gebiertege Bouneweger, dee spéider amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg sollt ginn. Hien huet d'Roll vum "Wellfare officer" gespillt, deen sech ëm d'Wuelergoe vun deenen "héigen Häre" sollt këmmeren. Dëst huet him erméiglecht, wäertvoll Informatiounen an Témoignagen ze sammelen, well déi Gefaange mam géigesäitege Beschass net gespuert hunn. Besonnesch d'Militär op der enger Säit an d'pur-et-dur Nazien op där anerer haten et openee sëtzen. Verschiddener wollten sech wichteg maachen, anerer ware schlau genuch, ze probéieren, hir Roll méi onwichteg ze maachen, wéi se war.

Ënner den offiziellen Dolmetscher war de Munnereffer Lé Tanson.

Ganz konnten d'Amerikaner iwwregens net geheim halen, wat hannert dem pickegen Drot verstoppt war: Munnerefer Zäitzeien erzielen, als Kanner do an der grousser Vakanz ronderëmgeschlach ze sinn, fir, wé si et genannt hunn, d' "Göringen ze kucken".

Och d'Press huet natierlech probéiert erauszefannen, wou déi "déck" Nazien dru wieren. Duerch eng Fuite koum d'Nouvelle eraus, an d'Journaliste sinn op Munneref komm, fir méi gewuer ze ginn. Am Time Magazine gouf dann och eng Foto vun enger Säit publizéiert, wou all Gefaangen, wéi op enger Klassefoto, drop ze gesi waren. Den Titel war dann och ironesch The class of 1945.

Nodeems d'Prisonnéier am September 1945 op Nürnberg bruecht gi waren, gouf d' Camp Ashcan opgeléist. E puer Joerzéngte laang huet d'Gebai erëm als Hotel gedéngt, 1988 gouf et ofgerappt, fir dem modernen Domaine Thermal Plaz ze maachen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Op der Tëlee

Den ZDF huet 1978 am Palace-Hotel den Dokumentarfilm Das letzte Ghetto iwwer den Openthalt vun de Nazi"gäscht" gedréit.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Portal WWII â€“ Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Hosting Ogrzewanie elektryczne aparaty cyfrowe canon sztuczna biżuteria Folie do faksu KE-Jetronic opis działania wakacje nad morzem ebarok skrypty php nocleg wrocław Systemy bukmacherskie Projekty Domów wczasy nad morzem Thorgal doradztwo dla hoteli kick koparki Bułgaria wczasy Karaoke tani kredyt hipoteczny COOLsurf