|
GeschirkëschtAner Sproochen |
Agora
Am antike Griicheland war d'Agora (αγορά) d'Versammlungsplaz vum Maart vun der Polis. D'Händler a Verkeefer op der Agora goufe Kapeloi genannt. D'Agora war en essentiellen Deel am Konzept vun der Polis, an den Aristoteles ass esouguer esou wäit gaangen, datt hien d'Barbaren onziviliséiert genannt huet, well si keng Agora haten. D'Agora vun Athen war awer net nëmmen eng Maartplaz, mee och de Sëtz vun den demokrateschen Institutiounen. Hei stoungen de Bouleuterion, wou d'Boulè, de Rot vun de 500, hir Gesetzer virbereed huet, déi vun der Versammlung gestëmmt goufen. An der Tholos hunn een Zéngtel vun de Bouleuten Dag an Nuet eng Permanence gehat, bis si vu 50 aneren ersat goufen. Op der athenescher Agora war och d'Heliaia, d'Volleksgeriicht, ze fannen. Méi doriwwer am Artikel Agora (Athen)an den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. Am Réimesche Räich war de Forum romanum d'Géigestéck vun der griichescher Agora. [Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Um Spaweck
|