|
GeschirkëschtAner Sproochen
|
AC/DCAC/DC as den Numm vun enger australescher Rockband (Hard Rock), déi Enn des Joers 1973 vun den a Schottland gebuerene Bridder Angus McKinnon Young (* 31. Mäerz 1955) (Markenzeechen: Schouluniform mat kuerzer Box) a Malcolm McKinnon Young (* 6. Januar 1953) gegrënnt gouf. Ob den Numm si se durch d'Margereth, d'Schwester vun de Young-Bridder, komm. Hatt huet d'Opschrëft AC/DC (Wiesselstroum/Gläichstroum) op enger Bitzmaschinn gesinn, an huet fonnt datt dës Ofkierzung déi staark Musek vun der Band géif perfekt symboliséieren (méi spéit huet den Angus Young behaapt, hien hätt AC/DC als éischt op engem Staubsauger entdeckt). Allerdéngs ass AC/DC an engleschsproochege Länner och en Ausdrock fir Bisexualitéit, an esou hate si um Ufank vun hirer Carrière eng hëtzeg Diskusioun ausgeléist. AC/DC ass haut nach aktiv.
[Änneren] GeschichtDen éischten Optrëtt hat AC/DC op Sylvester 1973. Deen éischte Succès am Ausland huet sech (1976) mat der LP "High Voltage" an Highway to Hell (1979) gewisen. Nieft deenen zwee Young-Bridder huet och virleefeg de Bon Scott (* 9. Juli 1946; † 19. Februar 1980) mat senger rockeger a rauer Stëmm iwerzeegt. Hien as 1980 u sengem eegenen Erbrachenem erstéckt. Mam Brian Johnson (* 5. Oktober 1947), dem virege Sänger vun Geordie, deen zum Band-Image gepasst huet, ass et weidergaangen. Den éischten Album, deen AC/DC mam neie Sänger verëffentlecht huet, war Back in Black am Juli 1980. Wärend d'Grupp mam Bon Scott éichter bluesduerchwuessenen haarde Rock 'n Roll gespillt hunn, huet se mam Brian Johnson de Schrack zum Hard Rock gemaach. Sou gouf Back in Black deen Album mam gréisste Succès vun allen Zäiten. Den Titelsong For Those About To Rock aus dem Joer 1981 huet sech quasi zur AC/DC-Hymne entwéckelt a gëtt haut nach meeschtens um Schluss vun all Concert gespillt. Nom Album Back in Black koum, zwar no ville weideren Albumen, kee groussen Erfolleg an den 80er zustan. Eréicht an den 90er mat The Razor's Edge an dem Lidd "Thunderstruck" koume si zeréck an d'Hitparaden. No The Razor's Edge, sinn d'Young-Bridder rëm op hiren Uerspronk zeréckkomm. D'Albume Ballbreaker a Stiff Upper Lip sinn däitlech vum Boogie-Woogie, Rock 'n' Roll a Blues geprägt. Als musikalescht Virbild gëtt ëmmer rëm den Chuck Berry genannt, deem säin "Duckwalk" feste Bestanddeel vum Angus Young senger Bühneshow ass. Dee lechte verëffentlechten Album ass Stiff Upper Lip aus dem Joer 2000 gewiecht. Fir hiert Liewenswierk goufen AC/DC am Mäerz 2003 an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. [Änneren] DiscographieLP' en an CD'en
[Änneren] Videoen an DVDen
[Änneren] Literatur
[Änneren] Um Spaweck
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||